Zoff am Altersheem
Persounen:
Rudi Konter: Pensionär ass nach am 2. Weltkrich
Maria Paulus: Pensionärin modern, mä kuckt keng Tëlee
Mike: Enkel vum Maria ee Computerspezialist
Irma Bauler: Pensionärin huet Problemer mat den Oueren
Louise Fixmer: Sekretärin a wéi eng!
Jerry Jacoby: Gérant tjo, eben ee Gérant
Mady Kohl: Infirmière ass nach nei am Haus
Fränz Bill: Bréifdréier ee vun där Zort déi (leider) ausstierft
Här Schmitt: Inspekter bei der Police huet Sträit mat de Spréchwierder
Eigentlech verleeft d’Liewen am Altersheem ganz roueg an normal. An awer. Enges Daags schéngt iergend eppes net méi ze stëmmen. Firwat ass de Rudi Nuets ënnerwee? Iwwer wat mécht sech eng Pensionärin Suergen? Wat fir eng Roll spillt d’Sekretärin? An de Bréifdréier? Huet de Gérant eppes mat där neier Infirmière? Et dauert net laang an dann ass d’Kaz aus dem Sak: et ass eppes geschitt! Een Inspekter vun der Police kënnt an d’Haus, mä kann deen iwwerhaapt bis dräi zielen? Hoffe mer, dat et gutt ausgeet, well méi kann hei nach net verrode ginn.
D'Opféierungsrechter musse bei mir ugefrot ginn. D'Stéck kascht 80 EURO den Owend an déi ginn integral un ee gudden Zweck. De Club kritt eng Koppi vum Virement.
D'Première war zu Garnech Freides den 13. Dezember 2013