top of page

Salut gesot

Och wann ech et net gär maachen, hei ass ee kuerze CV vu mengem Theaterliewen. Ech si Joergang 1958 a stoung scho mat (ka mech net richteg erënneren) 6/7 Joer mat de Wëllefcher zu Colmer-Bierg am ale Veräinshaus op der Bühn. Ech hu keen Text méi, mä weess awer nach dat mäin éischte Saz esou war: "O hätt ech nëmmen deen, deen d'Aarbecht erfonnt huet, hei a mengem Tëntefaass sëtzen!". Duerno als Wiichtelche bei eisem Schoulmeeschter dem Här Frising an du laang fir de Colmer Club des Jeunes (ënnert der Regie vum Tist Gastoni) a fir de Colmer Football (ënnert der Regie vum Jacquot Watgen) Theater gespillt. "Poutty Stein, een Denkmol" (1996) war eng ganz schéi Produktioun vun der Colmer Musek (ënnert der Direktioun vum Gudden's Heng a Marion Michels) wou ech matgespillt hunn. Do hunn ech och d'Turpel's Mich kenne geléiert an hatt huet mech bei de "Kabarä Sténkdéier" bruecht. Do stung ech vu 1996 bis 2006 op der Bühn. Och e puer Rollen hunn ech zu Garnech bei der Musek hirer Theaterequipe gespillt. Do hunn ech 2003 d'Charge vum Regisseur iwwerholl an domadder och déi schwéier Aufgab all Joer ee Stéck eraus ze sichen. Well dat ni einfach war, an ech ee Stéck vun der Cruchter Bühn 93 kucke war, sinn ech gewuer ginn dat si d'Stéck selwer iwwersat hunn an ee Kontrakt mat engem däitsche Verlag (Plausus) hätten. Dat hunn ech dunn och gemaach an hu bis elo 19 Stécker iwwersat. Dat huet Schoul gemaach an et si mëttlerweil iwwer 140 iwwersate Stécker vu verschiddenen Iwwersetzer bei "Plausus" ze kréien.

 

Méi doriwwer ënnert der Rubrik "Stécker iwwersat vu mir".

 

Freides den 13. Dezember 2013, (ee grousse Moment fir mech perséinlech!) hat mäin éischt eege Stéck Première zu Garnech:

 

"Zoff am Altersheem"

 

Ech hu 6 Joer un deem Stéck "geschafft". D'Iddi war do, ech hunn e puer Säite geschriwwen, et an den Tirang (=hard disk) geluecht, erëm eraus geholl, vergiess... an dunn op ee mol ass de Knuet geplatzt an et war 2013 fäerdeg.

 

 

Ech wëll op dëser Plaz drop hiweisen, datt et net einfach ass een eegent Wierk ze kreéieren an datt dat soll respektéiert ginn. Ech sinn dofir der Meenung datt eist Autorerecht muss agehale ginn. Ech wäert mech jiddefalls dofir asetzen, datt et net geet wa verschidde Leit menge si bräichte keen "droit d'auteur" ze bezuelen. Dat ass ganz einfach "geklaut"!

 

Merci fir de Besuch,

Pierre Alzin

 

fir d'lescht aktualiséiert: 22 Okt 2023

bottom of page